"500 zousätzlech Persoune ginn an der Schoul gebraucht, 1.000 hu sech gemellt"
De Splitting an der Grondschoul bréngt mat sech, datt eng 500 zousätzlech Persounen an de Schoule gebraucht ginn.
Dat sot den Educatiounsminister am Interview op Télé Lëtzebuerg.
Dem Ministère mécht dat awer wéi et schéngt keng Schwieregkeeten, dem Claude Meisch no hu sech nämlech 1.000 Leit gemellt fir ze hëllefen. Studenten, Leit aus Museksschoulen oder Jugendhaiser, alles Persounen, déi gewinnt wiere mat Kanner a Jonken ze schaffen.
Et wier wichteg, esou de Minister, datt d'Schoulen elo erëm opginn. Hien hofft och, datt se séier erëm ganz kënnen opgoen. D'Kanner missten erëm an de Genoss vun engem Deel vun der Schoul kommen. Déi Stonnen, déi elo erëm assuréiert ginn, wieren emol net d'Hallschent vun deenen, déi e Schüler ze gutt huet.
En Accueil virun 8 Auer Moies ass jo den Ament net an der Schoul virgesinn, et wier een awer am Gaang, ze kucken, ob et méiglech ass, e minimalen Accueil z'assuréieren.
Den Educatiounsminister weist drop hin, datt d'Land aktuell nach ëmmer an enger Kris ass an do wier dee komplette Service, mat allem Confort, deen ee soss géif probéieren ze bidden, warscheinlech net zu 100 Prozent méiglech.
De Claude Meisch ass sech och bewosst, datt et an den nächste Wochen däitlech manner Betreiungsplazen an de Crèchë gëtt. Hie geet dovunner aus, datt fir all zweete keng Plaz ass. Aus deem Grond hätt d'Regierung de Congé pour raisons familiales verlängert, awer just fir Kanner bis 4 Joer.
Flächendeckend Tester: Et gëtt ee geruff
A senger Funktioun als Fuerschungsminister huet de Claude Meisch och confirméiert, datt vun der nächster Woch groussflächeg ugefaange gëtt op de Coronavirus ze testen.
Dat huet den Luxembourg Insitut of health jo och annoncéiert, ma déi 17 Statioune vun deenen am Ufank Rieds war, wieren nach net prett.
Et kann och elo net jiddereen esou en Test maache goen, wann e wëllt: De Minister präziséiert, datt ee geruff gëtt a sech dann, op fräiwëlleger Basis, kann teste loossen.