Et bräicht ee sech keng Suergen ëm déi finanziell Situatioun vun de Lëtzebuerger Gemengen ze maachen, esou d'Inneministesch Taina Bofferding.

Gemengefinanzen / Reportage Maxime Gillen

D'Corona-Pandemie ass net nëmmen eng enorm Belaaschtung fir Privatbetriber, ma dréckt deelweis och de Gemenge ferm op de Portmonni. Ëmmerhi falen och fir si eng Rei zousätzlech Käschten un. Den Amenagement vun de Grondschoulen ass do nëmmen ee Beispill. Derbäi kënnt, dass en Deel vun de Recettë fir d'Gemenge wäert ewechfalen oder méi kleng ausfale wéi geplangt. Eng Simulatioun vum Inneministère weist awer, dass déi grouss Majoritéit vun de Gemengen am Land genuch Reserven hunn, fir dës finanziell schwiereg Situatioun ze meeschteren.

Just 5 Gemenge géifen der Simulatioun vum Inneministère no riskéieren, dëst Joer d'Enner net beieneen ze kréien. Dës Simulatioun geet awer zum Beispill och dovun aus, dass déi betraffe Gemenge mat hiren Depensë genau esou weiderfuere wéi ursprénglech am Budget geplangt. Ma esouguer, wann eng Gemeng d'Joer mat engem Defizit ofschléisst, wier dat der zoustänneger Ministesch no awer nach kee Grond, sech Suergen ze maachen.

"Well eng Gemeng hiren Defizit spéitstens am Budget 2022 kann opfänken. Dat heescht, dass eng Gemeng an hirem Budget net méi Depensë ka maachen, wéi se Recetten erakritt. A si ka sech och nëmme bis zu engem gewësse Grad verschëlden. Dat heescht, dass mir hei eng Aart Scholdebrems am Gemengesecteur hunn, fir ze garantéieren, dass keng Gemeng ka Faillite goen."

Gemenge kënnen hir Defiziter kuerzfristeg iwwerbrécken, andeem si hir eege Reserven notzen, hir Ligne de trésorerie eropsetzen, Sue léine ginn oder e gemeinsame Fong mat Reserve vun all de Gemengen unzapen. D'Ministesch leet de Gemengen awer trotz där schwiereger Situatioun un d'Häerz, hir Investissementer elo net erofzeschrauwen.

"De Gemengesecteur ass e ganz wichtege Motor fir déi ekonomesch Relance an dat hunn ech och de Gemengen nach eng Kéier an enger Circulaire matgedeelt, dass si natierlech musse virsiichteg sinn a kucken, wat ass essentiell, wat ass néideg, wat muss dréngend an de Gemenge realiséiert ginn? Wat si vläicht Projeten, déi ee Moment kënne verréckelt, ugepasst oder och fale gelooss ginn? Mä wichteg ass, dass awer weider investéiert gëtt."

D'Ministesch géif verstoen, dass déi eenzel Gemengemammen a -Pappe sech géife Gedanken iwwert déi finanziell Situatioun maachen. Virun allem, well jo net kloer ass, wéi laang dës Kris nach wäert daueren. D'Ministesch hätt hire Ministère awer emol esou opgestallt, fir de Gemengen an dëse Froe mat Rot an Dot zur Säit ze stoen.

Dat offiziellt Schreiwes vum Inneministère

Les finances communales: défis et contre-mesures face à des recettes en recul

La crise sanitaire liée au COVID-19 a pour conséquence d'engendrer des défis économiques et budgétaires, non seulement pour le secteur privé, mais également pour le secteur public. L'État et les communes seront ainsi confrontés à un recul de leurs recettes respectives.
Face à cette situation difficile, Taina Bofferding, ministre de l'Intérieur, rassure:

«Les communes du Luxembourg ne risquent pas de faire faillite. C'est un fait, qu'il m'importe de souligner face aux inquiétudes des autorités communales, auxquelles j'assure toute ma compréhension. Les communes du pays seront toujours en mesure de payer leur personnel, leurs factures et loyers et de répondre de leurs dettes. Contrairement à d'autres pays, nous bénéficions de mécaismes, qui permettent de prévenir une situation d'insolvabilité.»

La loi communale protège le secteur communal à travers différents mécanismes: tout d'abord, les dépenses de fonctionnement doivent toujours être inférieures aux recettes de fonctionnement. Ensuite, le résultat définitif du budget, qui se compose du boni ordinaire, du résultat du budget extraordinaire et du report du résultat de l'exercice précédent, doit être positif. Plus encore, le remboursement annuel de tous les emprunts doit être inférieur à 20% des recettes de fonctionnement, ceci garantit qu'une commune dispose assez de marge de manœuvre pour rembourser ses emprunts.
Ainsi, même si une commune clôture son compte 2020 avec un déficit, elle a la possibilité d'absorber ce malus lors du budget suivant. Une spirale décroissante, qui pourrait mener à un surendettement d'une commune, est donc exclue au Luxembourg.

«Les investissements du secteur public, dont ceux des communes, doivent continuer, non seulement afin de contrecarrer la récession économique, mais surtout parce qu'ils sont essentiels pour le développement de notre société», souligne Taina Bofferding.

Les moyens dont disposent les communes leur permettent alors de continuer à investir, malgré les défis budgétaires actuels.