Déi meescht Sars-CoV-2-Infektiounen zu Lëtzebuerg hunn ee Lien mat Italien oder Éisträich, dat huet eng Analys vum Staatslabo erginn.

De LNS huet mëttlerweil bal 220 Vire sequenzéiert. Mat dëser Method kann ee feststellen, wéi sech de Virus zu Lëtzebuerg verbreet huet an op wéi eng Regiounen dës Fäll zréckzeféiere sinn. De groussen Deel vun de Fäll huet e Lien mat Italien an Éisträich. Ma de Virus wier awer och vill an der Populatioun zirkuléiert.

Bal all den ënnersichte Fäll sinn op Éisträich an Italien zréckzeféieren, esou den Tamir Abdelrahman, Chef vun der Mikrobiologie am LNS. Déi 10 éischt Fäll, déi zu Lëtzebuerg festgestallt goufen, hunn all ee Lien zum Ausland. Et hätt een awer och festgestallt, datt zu engem spéideren Zäitpunkt de Virus an der Lëtzebuerger Populatioun zirkuléiert.