D'Hotline vun der Regierung ass vun e Samschdeg u vu méindes bis freides tëschent 8 a 16 Auer z'erreechen.

Bannent de leschte Woche sinn iwwer 66.000 Appellen erakomm, esou de Gesondheetsministère e Freideg. D'Maisons-médicalle géifen iwwerdeems an der zweeter Hallschent vum Mee nees opmaachen.

De Support adresséiert sech u Leit, déi an dësen Zäiten Ängscht an Onsécherheete verspieren a sech mat hire Froe eleng gelooss fillen. D’Nummer ass den 8002-8080.