Wéi gesäit den nationale legislative Kader aus a puncto Corona-Mesuren, wann den Etat de Crise de 24. Juni bis ausleeft?

Genee dat ass jo eng Fro, déi schonn déi lescht zwou Wochen iwwer Politik a Sozialpartner beschäftegt. Dat Pandemie-Gesetz, dat sech reng op de Covid-19 wäert bezéien, soll sech op zwee Texter opdeelen: Engersäits e Gesetzprojet, deen déi Reglementer weiderféiere soll, déi wärend dem Etat de Crise duerch d'Regierung decidéiert goufen, anerersäits ee Gesetzprojet mat sozioekonomesche Begleet-Mesuren.

An eben déi zwee Texter ginn eréischt e Freideg presentéiert. Dat gouf een no enger Reunioun tëscht de Fraktiounscheffen an der Chamber, dem Xavier Bettel an der Paulette en Dënschdeg de Moie gewuer. Geplangt war, dass de Premier en Dënschdeg an der Mëttesstonn dem Chamberbüro an der Presidentekonferenz déi zwee Gesetzer als Avant-projet de Loi sollt virleeën.

Oppositioun verlaangt méi Kloerheet a besser Kommunikatioun

D'parlamentaresch Oppositioun huet no der Reunioun mat de Regierungsvertrieder méi Kloerheet bei de Reegelen an eng besser Kommunikatioun gefuerdert. Déi Lénk an d'Pirate wëllen wëssen, wéi et mam Chômage partiel weidergeet. Déi Mesure gouf wärend dem Lockdown erweidert an huet et alle Betriber erméiglecht, all oder eenzel Salairë vum Staat bezuelt ze kréien. Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, an de Piraten-Deputéierte Sven Clement hu bedauert, datt onkloer wier, wéi et soll virugoen an d'Regierung géing deels widderspréchlech Annoncen am Zesummenhang mam Chômage partiel maachen.

Reaktiounen Oppositioun / Rep. Fränz Aulner

D'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen huet iwwerdeems gefuerdert, datt d'Visitt vun eelere Leit an Altersheemer elo iwwerall d'selwecht gereegelt gëtt. Och den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet dat verlaangt. Hien huet och gemengt, d'Regierung hätt d'Ouverture vun de Restauranten a Caféen éischter kënnen ukënnegen.

D'Pirate waarden dann nach ëmmer op d'genee Zuelen an d'Modelisatiounen – also Projektioune vun der Verbreedung vum Virus. Modelisatiounen, opgrond vun deenen d'Regierung Deconfinementsmesuren oder Restriktiounen decidéiert.

Gewerkschaftspresidenten an Oppositiounsvertrieder hate sech zouversiichtlech gewisen

Souwuel déi 3 Gewerkschaftspresidente vun OGBL, LCGB a CGFP, wéi och déi parlamentaresch Oppositiounsvertrieder sote sech d’lescht Woch nach zouversiichtlech iwwert esou zwee Texter.

De Premier hat e puer Mol betount, dass et him drëms géif goen, e méiglechst breeden nationale Konsens mat a bei deene Gesetzer ze kréien. Eng Partie Froe bleiwen awer.

De François Aulner virun der Chamber