Och wann déi meescht Eltere fir d'Fermeture vun de Spillplazen am Ufank Versteesdemech gewisen hunn, fänkt elo d'Zäit awer u laang ze ginn ...

... wou d'Kanner elo sou wéi sou nees an d'Schoul ginn. Wéi deene Klengen erklären, datt Spillen no der Schoul nach net gutt fir hir Gesondheet ass.

D'Hoffnung war grouss, datt d'Regierung de leschte Freideg vu Schlass Senneng aus gréng Luucht géif ginn. Fir datt Kanner zum Beispill um Belair och nees an hirem Schlass op der Schéiwisschen spille kéinten. Ma d'Decisioun gouf op fréistens e Mëttwoch verluecht. Sou hunn Elteren a Kanner, sech missen e weidere Weekend gedëllegen.

Ma Kanner si kreativ. An Tëschenzäit muss et och net méi onbedéngt eng offiziell Spillplaz sinn, fir sech an der frëscher Loft op Distanz auszetoben. Iwwerdeems sinn d'Spillplaze bei eisen direkten Noperen Däitschland an der Belsch schonn nees op.

An enger parlamentarescher Fro zu dësem Sujet vum Marc Lies äntwert de Xavier Bettel, datt d'Spillplazen en Deel vun enger weiderer Etapp vum Deconfinement sinn.