"Liquiditéite sinn éischt Prioritéit"
D'Regierung huet ganz vill Sue mobiliséiert, fir d'Ekonomie nees ze relancéieren.
Alles zesumme kënnt ee bis zum Enn vum Joer op direkt Depense vu bal 3 Milliarden Euro, "schonn eng gewalteg Zomm", sou den Finanzminister Pierre Gramegna am RTL-Interview.
Fir esou eppes ze stëmmen, misst de Staat natierlech Sue léine goen. Am Abrëll gouf en Emprunt vun 2,5 Milliarden Euro am Abrëll gemaach, zu engem liicht negativen Taux. Dat heescht déi Sue si Gratis, wat jo schonn eng gutt Noriicht wär.
"Triple A net a Gefor"
Lëtzebuerg profitéiert vun enger ganz gudder finanzieller Situatioun. Ganz niddreg Gesamtschold an déi wichteg Vertrauens-Bewäertung vum Triple A. Wichteg wär och gewiescht, datt Suen do waren. "Et spuert ee jo och fir Zäiten, déi méi schwéier sinn a mir sinn elo an esou enger".
Den Triple A wär och net a Gefor. De Finanzminister verweist op déi rezent Rapporte vun de Ratingsagencen. An déi géifen all soen, datt Lëtzebuerg bei esou enger Finanzlag weider Scholde ka maachen.
"Mä natierlech muss een elo oppassen, datt ee sech elo net immens séier iwwerschëlt, alles muss sech a Grenzen halen. 2020 gëtt e ganz speziellt Joer." Dofir hätt jo och d'EU-Kommissioun zesumme mat de Länner decidéiert, datt den europäesche Stabilitéits- a Wuesstemspakt net muss agehale ginn. "Keen packt dat, mä et muss een duerno erëm verstännegt sinn."
Och e wichtegt Element an der Krisegestioun wären d'Banken an déi akzeptéiert Moratoiren op Prête a Kreditter, esouwuel bei Privatpersounen, wéi bei Entreprisë mat iwwer 3,5 Milliarden Euro. "Mär hunn d'Liquiditéiten als éischt Prioritéit gesat." A natierlech de Chômage partiel, wichteg och fir Kafkraaft vun de Leit. Beim Mindestloun ass dee vun 80 op 100 Prozent eropgaangen. "De Betriber huet de Chômage partiel erlaabt, elo wou d'Ekonomie nees op ass, direkt ze starten, well d'Leit nach ëmmer alleguer do sinn."
"TVA erof ass keng Prioritéit"
D'TVA erofsetzen, wéi eis däitsch Noperen, huet Lëtzebuerg net als Prioritéit zeréckbehalen. "Wann der d'TVA erofsetzt, hu der guer net d'Garantie, datt den Endpräis erofgeet", seet de Pierre Gramegna, deen drun erënnert, datt Lëtzebuerg zum Beispill op Masken d'TVA net erofgesat, mä gratis verdeelt hätt, wat vill méi wichteg wär.
Lëtzebuerg hätt vill méi cibléiert Mesuren, déi direkt beim Konsument, bei de Leit géifen ukommen.
"Keng Steiererhéijungen" an "Net vill Sputt fir Steiererliichterungen"
"Mir däerfen de Motor vun der Ekonomie net nach méi lues dréine loossen. Fir Steiererhéijungen, souwuel fir Leit wéi och fir Betriber, wär ganz sécher elo de falsche Moment. Op där anerer Säit bleift awer och net vill Sputt fir Steiererliichterungen."
Wichteg wär och, datt Europa vill besser opgestallt wär, wéi bei der Finanzkris 2008. En Dënschden diskutéieren d'EU-Finanzministeren iwwert d'Propositioun vun der EU-Kommissioun vun engem Neesopbauplang an Héicht vun 750 Milliarden Euro. "Wichteg ass, datt dee Fonds de relance elo ganz séier kënnt, well d'Kris ass elo a net a engem oder zwee Joer".
Chef vum Eurogrupp: "Dat wär eng Éier"
De Pierre Gramegna gëtt jo och nees gehandelt, fir Chef vum Eurogrupp ze ginn. "Natierlech wär et eng Éier, wann een esou eppes kéint maachen", gëtt de Lëtzebuerger Finanzminister zou. Mer wären awer elo an enger Situatioun, wou dee Posten nach net fräi ass, dofir soll een mol ofwaarden, wat den aktuelle President Mario Centero mécht. Säi Mandat leeft am Juli aus.
E Verzicht op eng weider Kandidatur, wéi schonn ugedeit, schéngt also nach net esou kloer ze sinn.