Ëmmer méi Leit maache beim sougenannte "Large-Scale Testing" mat. Bis e Freidegmëtteg goufen iwwert dëse Wee 23.000 Tester gemaach.

5 Persoune ware positiv.
Jidderee kann, soll a dierf sech teste loossen. Per Bréif soll an den nächste Wochen all Resident op d'mannst eemol ugeschriwwe ginn, fir sech testen ze loossen. Umelle muss ee sech iwwer Internet, mëttlerweil kann een am Noutfall och per Telefon e Rendezvous ausmaachen.

23.000 Tester vum "Large Scale Testing" scho gemaach
Ëmmer méi Leit maache beim sougenannte "Large-Scale Testing" mat. Bis e Freidegmëtteg goufen iwwert dëse Wee 23.000 Tester gemaach.

Uechtert Land gëtt et den Ament 17 Statiounen. Reegelméisseg ginn d'Tester vun den Drive-In-Statiounen op Jonglënster an de Labo gefouert, do gëtt en enregistréiert. Fir méi séier ze sinn, gi 4 Tester an enger Prouf zesummen analyséiert.

Dës Method wier zouverlässeg a wéineg ufälleg fir falsch Resultater. Eng positiv Persoun, déi fonnt gëtt, wier sécher positiv. Falsch negativer kéint een awer net ausschléissen, esou de Prof. Dr Bernard Weber , CEO vun de Laboratoires Réunis. Ass ee Pool positiv, ginn déi Aner nach emol 4 mol eenzel getest.

Um Stand vu Freidegmëtte goufen 2.000 Tester gemaach, 5 ware positiv. Et hätt een eigentlech erwaart, datt de Virus nach méi present wier.

D'Testkapazitéit vun 20.000 Tester den Dag ass mëttlerweil erreecht. E

Et géif een am Laf vun den nächsten Deeg Richtung 10.000 Tester den Dag goen, esou de Prof. Dr. Ulf Nehrbass, CEO vum Luxembourg Insitute of Health.

An eisem Podcast Exit an Elo? beschäftege mir eis mam sougenannte Large Scale Testing. Wat brénge se a wéi fonctionéiert et?

Exit! An elo? - Episod 6 - Testen, testen, testen

Lauschtert vun elo un och d'RTL Podcasten op Spotify.