Den Educatiounsminister huet duerchblécke gelooss, dass déi getrennten A/B-Klassen, fir déi lescht 2 Woche virun der Summervakanz, kéinten opgehuewe ginn.

Den Ament géife Gespréicher mat deenen eenzelen Acteure lafen. Et wéilt een erëm méi Normalitéit an d'Schoulen erakréien, esou de Minister Claude Meisch.

„Mir wëlle scho kucken, datt mir vun der Organisatioun den Opwand esou niddreg ewéi méiglech halen. Duerfir ass d'Iddi fir d'A a B-Grupp zesummen ze bréngen an de Rescht eigentlech alles géif d'selwecht bleiwen. Datt mer vun 8 bis 1 Auer Schoul hätten, dann och mëttes an der Betreiung de Fonctionnement eigentlech net géif geännert ginn, mä wierklech de Benefice ze hunn, datt mer nach eng Kéier eng ganz Schoulklass beieneen hunn, datt d'Schüler sech gesinn an zesumme kënnen den Ofschloss maache vun dësem Schouljoer. Ech wäert all d'Acteure consultéieren an dann e Freideg dem Regierungsrot eng Propos maachen ob mir deen dote Wee ginn. An dann hätte mer nach eng Kéier eng gutt Woch, fir dat alles um Terrain ze preparéieren, fir dann déi lescht zwou Woche vun dësem Joer nach eng Kéier e Retour zur Normalitéit kënnen ze maachen – wann déi sanitär Bedingungen erfëllt sinn a wann d'Acteuren och matzéien.“