Consolidéieren, promouvéieren, innovéieren: Sou ass de Relance-Plang fir den nationale Landwirtschaftssecteur iwwerschriwwen.

Dat sinn déi 3 Piliere vum 5-Milliounen-Euro schwéiere Relance-Pak, fir d'Landwirtschaft hei am Land no der Coronavirus-Pandemie nees ze relancéieren. Vill landwirtschaftlech Betriber konnten natierlech quasi normal viru schaffen, Anerer hätten awer besonnesch gelidden.

Relancepak/Reportage Annick Goerens

Dorënner pedagogesch Bauerenhäff, déi keng Schoulklasse méi konnten empfänken, Päerdsmanègen, déi keng Coursë méi konnten halen a Wënzer-Wäistuffen, déi natierlech keng Degustatioune konnten organiséieren. Dofir riicht sech den éischte Pilier vum Hëllefspak och spezifesch un dës Betriber, fir hir Finanze kënnen ze consolidéieren. Eligibel si se just mat engem Minimum-Ëmsaz vu 5000€ d'Joer. De Landwirtschaftsminister Romain Schneider:

„Ech mengen dat wäert dann eng Aide ginn, déi jee wat de Betrib ubetrëfft, tëscht 2.500 bis 5.000 Euro wäert goen. Bësse parallel zu dem, wat och an anere Secteuren als Prime unique ausbezuelt gëtt.“

Dovunner kéinten tëscht 80-100 Betriber profitéieren.

Wärend der Krise hätt een och awer positiv Tendenze gesinn, nämlech dass sech de Konsument nees bewosst ginn ass, wou seng Liewensmëttel hirkommen an nei Vermaartungsforme vu lokale Produiten zum Beispill iwwer LëtzShop. Den Trend misst een elo ënnerstëtzten an zwar mam zweete Pilier vum Relance-Pack. Der Promotioun vun der lokaler Produktioun. Eng Suite souzesoe vun enger Campagne, déi de Landwirtschaftsministère schonn zanter Jore suivéiert.

„Lokal, saisonal a bio ass den Trend den Ament. A mir musse virun drop setzen, fir och déi Onofhängegkeet vun eiser Liewensmëttelproduktioun par Rapport zum Ausland nach virun ze reduzéieren. Gewosst, dass mer an eenzele Beräicher Auto-suffisance hunn,  sief et an de Mëllechprodukter, sief et am Fleesch gréisstendeels, sief et bei de Gromperen, sief et och bei den Céréalen, mee aner Beräicher wéi zum Beispill d'Geméis oder d'Uebst do hu mer effektiv nach e ganz grousse Manktem.“

Et misst een och vun der Quantitéit fortkommen an op d'Qualitéit setzen. Am Kader vum Bio-Aktiounsplang war jo souwisou geplangt, fir bis 2025 an all Kantinnen 50% vun de Liewensmëttel aus Lëtzebuerger Produktioun ze benotzen, dovunner 2/5 BIO an 3/5 lokal traditionell Produkter aus der Landwirtschaft.  Dofir ginn elo schonn, méi fréi wéi geplangt, Pilotprojeten a jeeweils enger Crèche, engem Lycée, engem Spidol an engem CIPA gestart, fir dann am September e Bilan ze zéien.

Den drëtte Pilier dann ass geduecht, fir d'Erausfuerderunge vun der Zukunft ze meeschteren, besonnesch a punkto Klimawandel an Nohaltegkeet. Do géing d'Digitalisatioun eng grouss Roll spillen.

„Mir wëllen hei zu Lëtzebuerg eng Innovatiounsplattform „Landwirtschaft Plus“ schafen, déi eng Zort Vernetzungsplattform gëtt tëscht den eenzele Beräicher vun der Landwirtschaft selbstverständlech, mee och Beräicher vun der Recherche an op der anerer Säit Beräicher vun der Digitalisatioun. All d'Acteuren un een Bord bréngen, dat an enger éischter Phas mol virtuell.“

An enger zweeter Phas kéint dann och eng Infrastruktur geschaaft gi mat engem Kompetenzzenter, sou nach de Romain Schneider. Donieft huet de Landwirtschaftsminister och präziséiert, dass duerch Modifikatiounen am Agrargesetz zousätzlech Moyenen an Héicht vun 4,3 Milliounen Euro wäerten zur Verfügung stoen. Domadder soll d'Transitiounsphas iwwerbréckt ginn, bis déi gemeinsam europäesch Agrarpolitik a Kraaft trëtt. Dat sollt Ugangs 2021 de Fall sinn. Mëttlerweil géing een awer mat Retarde vun gutt 2 Joer rechnen, sou de Romain Schneider.