Et gëtt nawell Bedenke vum Staatsrot iwwert déi sougenannt Covid-Gesetzer.

Avis Staatsrot Covid-Gesetzer / Live vum Maxime Gillen

D'Zwangshospitaliséierung wier ee „graven" Aschnëtt an d'Fräiheet an dowéinst misst et déi néideg Garantië ginn, steet an den Avisen, déi en Dënschdeg de Moie publizéiert goufen. Wann eng Zwangsaweisung (sou hätt de Staatsrot et léiwer formuléiert, well Leit net just an e Spidol kënne gezwonge ginn) vun der Direction vun der Santé recommandéiert gëtt, da soll dat just aus sanitäre Grënn sinn. De Saz „fir d'Sécherheet vun aneren" misst deemno aus dem Gesetz eraus, fuerdert déi héich Kierperschaft.

Bedenke ginn et zu de Prozeduren, fir eng Persoun ze zwéngen, agewisen ze ginn. Proposéiert gëtt, datt e Riichter vum zoustännege Geriicht eng Ordonnance fir eng Zwangsaweisung gëtt, dat opgrond vun enger Requête vum Direkter vun der Santé, mat engem Certificat médical, deen den Diagnostic vun der Infektioun beleet. De Staatsrot hält et éischter fir sënnvoll, dass de Procureur d'Etat informéiert gëtt, wann e Riichter esou eng Decisioun hëlt an dann d'Méiglechkeet hätt ze froen, fir dës ze kippen. Esou hätt een an engems eng weider Garantie fir d'Rechter vun der concernéierter Persoun geschaaft.

De Staatsrot huet a sengen Avisen och „seriö" Bedenken iwwert den Artikel, deen d'Rassemblementer vu Leit reglementéiere soll an eng Opposition formelle formuléiert. Dem Staatsrot no dierf net d'Fräiheet, sech ze versammelen, d'Ausnam sinn, mä de Verbuet. Besonnesch kritesch gesäit een och d'Reglementatioun vu private Versammlungen. Proposéiert gëtt esou ze formuléieren, datt Rassemblementer op ëffentleche Plazen oder Plazen, déi fir de Public accessibel sinn, iwwert 20 ze verbidden, ausser, wa Sëtzplazen an 2-Meter-Distanz garantéiert sinn oder d'Leit Masken unhunn.

Am Fall wou d'Reegelen aus dem Covid-Gesetz net agehale ginn, dreet eng Amende administrative vu 4.000 Euro. Ausserdeem ginn hei d'Hygiènes- an d'Sécherheetsmesurë fir ënnert anerem kulturell Lokalitéiten, wéi Theateren oder Kinoen, festgeluecht, genee wéi fir Kantinnen oder den ëffentlechen Transport.

Eng aner Opposition formelle gëtt et, well d'Stockéiere vun de Medikamenter per Reglementer gereegelt gëtt, mä dem Staatsrot no dat per Gesetz muss geschéien.

D'fundamental Fro wier et, den Equiliber ze fannen tëscht engersäits de fundamentale Fräiheeten, virun allem elo, wou d'Kris op en Enn geet. Anerersäits d'Liewen an d'Gesondheet vun der Allgemengheet ze schützen, sou de Staatsrot.