Een Drëttel manner Patienten an de Spideeler
© RTL-Archiv
Eng Woch éier den Etat de crise ofleeft, ass et och d'Zäit, fir an de Spideeler de Bilan vun der Pandemie ze maachen.
Sou goufen an de 4 Spideeler am Land, wou och Unitéite fir Covid-Patienten amenagéiert goufen, am Januar a Februar global ronn 16.100 Patienten traitéiert. An de Pandemie-Méint tëscht Mäerz a Mee waren et zesummegeholl 16.530 Leit, déi a Spideeler soignéiert goufen. Wärend dem Lockdown louchen d'Chiffere vun de Leit, déi a Spideeler behandelt goufen, ëm en Drëttel ënnert der Moyenne, déi soss en charge geholl ginn.
Um Héichpunkt vun der Covid-19-Epidemie, Mëtt Abrëll, louche pro Spidol tëscht 10 an 15 Corona-Patienten op Reha-Statiounen. Dëst entsprécht ronn 45% vun de Capacitéiten, déi fir dës Zort vu Patiente reservéiert waren.
Um Pic vun der Pandemie waren och bis zu engem Véierel vun den "normale" Spidolsbetter vu Corona-Patienten beluecht. Um Beispill vum CHL ass ze gesinn, datt op den 3 Sitte vun deem Spidol d'stationär Aktivitéit ëm en Drëttel zeréckgaangen ass, den Ambulatoire souguer ëm 43%.
Dës Zuelen nennt d'Gesondheetsministesch an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierte Carole Hartmann a Gusty Graas, déi Froen iwwert d'Capacitéite vun de Spideeler gestallt haten.
E Käschtepunkt fir dës Traitementer a Soinen an de Spideeler nennt d'Ministesch Lenert net. D'Reprise an de Spideeler wier den Ament amgaangen, heescht et, och wann den Niveau vu virun der Kris nach net erreecht wier.