D'Situatioun an den Alters- a Fleegeheemer war en Dënschdeg de Mëtteg Thema an der Chamber. D'CSV hat eng Aktualitéitsstonn gefrot.

Déi eeler Leit hätten a géifen deels nach ëmmer ënnert de strenge Sécherheets- an Hygiènesmesuren an den 52 Altersheemer zu Lëtzebuerg leiden. Et géif ze grouss Ënnerscheeder ginn, wéi zum Beispill d'Besuchsrecht gereegelt ass. De Familljeministère hätt misse méi aktiv ginn, misst de Gestionnairë méi präzis Reegele virginn, kritiséiert déi ganz Oppositioun.

Besuchsrecht Altersheemer / Rep. Carine Lemmer

De Marc Spautz sot am Numm vun der CSV, datt villes an den Alters- a Fleegeheemer richteg gemaach gouf, villes gutt gelaf wier. Mä vill Awunner wäre „vereinsamt", géife sech vernoléissegt fillen, bedauert den CSV-Deputéierten.

Marc Spautz: "Ech weess, datt d'Familljeministesch an d'Gesondheetsministesch Appeller gemaach hunn, mä ëmmer erëm hannendru gesot hunn: Et ass net un eis enger Struktur, eppes virzeschreiwen. Mir gesinn dat anescht... et ass net um Ministère, engem Prestataire eppes virzeschreiwen, mä et ass awer um Ministère, de Lead z'iwwerhuelen. De Lead z'iwwerhuelen an ze soen: dat do an dat do hätte mer gären!"

De Staat hätt kënne méi maachen, dat fannen och de Fernand Kartheiser an d'ADR.

Fernand Kartheiser:"De Staat hätt kënne besser accompagnéieren. En hätt kënne méi kloer Instruktiounen eraus ginn. En hätt kënnen hëllefen, fir dat Wuel vun de Leit an den Zentrum vun de politeschen Iwwerleeungen ze stellen. Et war schwaach. Et war net näischt an d'Madamm Minister huet dat jo e puer Mol erkläert. Et kann een net soen, si hätt näischt gemaach, mä si huet schwaach agéiert. An an eisen Aen net staark genuch."

Och d'Pirate géife sech méi zentral an allgemeng Reegele wënschen. Spéitstens elo missten de Ministère an d'Familljeministesch reagéieren, fënnt och de Marc Baum vun déi Lénk. D'Ënnerscheeder tëscht den Haiser, wéi zum Beispill de Besuch gereegelt gëtt, wieren ze grouss.

Marc Baum:"Wa mer op déi dote Problematik ugeschwat hunn, d'Deputéiert drop opmierksam gemaach hunn..., dann hat een ëmmer erëm den Androck, wéi wa Pingpong géif gespillt ginn. Eng Kéier ass gesot ginn: Ech sinn net responsabel, dat ass d'Santé. Dat war eng Verdeedegungslinn, an déi zweet Verdeedegungslinn ass: 't ass Responsabilitéit vun de Gestionnairen, do kann ech näischt maachen. Ech mengen, datt dat awer net duer geet."

D'Familljeministesch Corinne Cahen mengt, datt d'Gestionnairë sécher hiert Bescht géife ginn. Villäicht wären der iwwervirsiichteg, mä de Virus a sengem Haus ze hunn, wär e Schock.

Corinne Cahen: "Ech mengen, mir sollten alleguerten e bësse Respekt hu virun deem luesen Deconfinement vun den Alters- a Fleegeheemer. Mir sollten do e bësse Gedold hunn a mir sollte se ënnerstëtzen."

De Ministère géif a kéint aktuell just Recommandatiounen erausginn. Et neit Gesetz ass awer an der Maach. A mam Enn vum Etat de crise wäerten och nei Recommandatioune kommen, sou d'Corinne Cahen.