Méiglech Covid-19-Infektioun
Nationalkongress vun déi Gréng ofgesot
© Archivbild
E Samschdeg sollten déi Gréng hiren Nationalkongress ofhalen. E Freideg ass et awer d'Decisioun, dass dësen digitale Kongress e Samschdeg ofgesot gëtt.
Grond fir d'Ofso ass e Verdacht op eng méiglech Covid-19-Infektioun am Entourage vun der Organisatiounsekipp vun deem Kongress.
Dofir d'Decisioun vum Exekutivcomité, de Kongress vun e Samschdeg ze annuléieren an op e spéideren Zäitpunkt ze verréckelen. U sech sollt e Samschdeg den neie Co-President an der Successioun vum Christian Kmiotek gewielt ginn. Dëst sollt jo, nieft dem Djuna Bernard, de Meris Sehovic ginn.
Am meeschte gelies