Wéi geplangt sollen d'Schüler vun e Méindeg un nees zesummen alleguer an d'Schoul goen.

D'Zuel vun Neiinfektioune geet erop, mä virun allem ganz staark gedriwwen duerch wëll Partyen an duerch Familljefeieren, sou den Educatiounsminister am RTL-Interview e Sonndeg de Mëtteg. Dowéinst sollen d'Schüler erëm all zesummen an d'Schoul goen.

De Claude Meisch huet deklaréiert: Jo, d'Zuel vun Neiinfektioune geet an d'Luucht, mä „dat schéngt wierklech do ze sinn, wou d'Leit onkontrolléiert beienee kommen, wéi op de Fester, Familljefester, Partyen, Rassemblementer dobaussen, sief dat an de Parken oder ëffentleche Plazen".

Et kéint net sinn, datt elo d'Schoulen nëmmen eng Woch iwwert déi aner fueren, "just, well iergendwou op enger Wiss eng wëll Party war oder op engem Familljefest net opgepasst ginn ass."

Interview mam Claude Meisch

Corona-Fäll zu Wolz

De Minister confirméiert, datt an der Grondschoul zu Wolz d'lescht Woch 5 positiv Fäll waren, mä déi wieren alle 5 Famill mateneen. Et léich op der Hand, datt et net der Schoul hir Schold wier. De Claude Meisch seet, hie versteet d'Suergen an Ängschten, mä et misst een den Analysen an Erfarunge vertrauen. Wolz wier e gutt Beispill dofir, datt de Virus sech net an der Schoul verbreet hätt an iwwerhaapt vu Baussen erakomm wier.

Sécherheet an der Schoul

Riskéiert een net, datt de Virus sech méi verbreet, wann all d'Schüler erëm mateneen an d'Schoul ginn? Dozou äntwert de Claude Meisch: „Dofir ass et eben immens wichteg, datt mer natierlech eng ganz Rei vu Sécherheetsmesurë weider a Kraaft loossen. Dozou gehéiert notamment de Mondschutz unhunn, bis een um Stull sëtzt, reegelméisseg d'Hänn wäscht an do, wou et geet, och Distanz zoueneen hält. Donieft bleiwen déi verschidde Klassen auserneen, andeems d'Pause versat sinn an d'Kantinnen zoubleiwen." Den Educatiounsminister erënnert dann och drun, datt an de Schoule weiderhi permanent Tester gemaach ginn.

Coronavirus a Schoulen / Rep. Fränz Aulner

De leschten Erkenntnisser no stellt de Virus fir Kanner ënner 10 Joer nach manner Risiko duer. Ma op d'Fro, ob et dann net besser gewiescht wier, d'Lycéeën an d'Schüler iwwer 12 Joer weiderhin a Gruppen anzedeelen, seet de Claude Meisch: „Mir stellen awer och fest, datt iwwert déi lescht Wochen an och wärend dem ganze Confinement d'Zuele vun Infektiounen an Hospitalisatioune bei Jugendlechen ënner 20 Joer däitlech méi niddreg sinn, ewéi bei Erwuessener".

„Stop the party"

Et kéim een zur Konklusioun, datt ee muss weider léiere mam Virus ze liewen a weiderhi gutt opzepassen, sou de Claude Meisch, „well de Virus wäert héchstwarscheinlech och am Hierscht do sinn, vläicht souguer am Joer 2021". Vulnerabel Schülerinnen a Schüler an Enseignantë kënne weiderhi vun doheem aus léieren an enseignéieren. An der Reegel gëllt awer d'Schoulflicht, ausser fir Schüler, déi am Fondamental an der Übungswoch waren: do ass et fakultativ.

Dem Minister sengen Donnéeën no hätten awer déi meescht Elteren decidéiert, hir Kanner erëm an d'Schoul ze schécken. Den Haaptmessage vum Minister: „bleift wannechgelift vun deene Partyen ewech, an och wann et ee Familljefest ass, feiert, mä passt ganz, ganz gutt op".