D'Leit stieche sech aktuell op Partyen oder Barbecuen un. Si goufe besser eens, wéi dat verbuede war, och wa se da knouteren, sou d'Paulette Lenert.

Paulette Lenert iwwert 2 Well / Reportage Roy Grotz

D'Zuele vun den Corona-Infektioune sinn déi lescht Deeg geklommen. Et muss een nach e bësse waarde bis een e kloert Bild huet, well et gouf eng Feier, déi eng grouss Zuel vun Infektioune mat sech bruecht huet. Dat verzerrt d'Zuelen, sot e Méindeg de Moien d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am RTL-Interview. Mä et deit op eng Well hin, well de Weekend si Fäll derbäi komm, déi um éischte Bléck net zesummen hänken, déi engem Suerge maachen, sou d'Gesondheetsministesch. Bis e Mëttwoch wëll een e kloert Bild hunn.

D'Zuele sinn eropgaangen, nodeems elo méi op Eegeresponsabilitéit gesat gëtt. Et ginn éischter Recommandatiounen, wéineg gesetzlech Restriktiounen.

Leit stieche sech am Privaten un. Op enger Gebuertsdagsparty oder engem Barbecue. D'Leit goufe besser eens, wéi dat verbuede war, och wa se da knouteren, sou d'Paulette Lenert.

D'Ministesch huet drun appelléiert, sech un d'Recommandatiounen ze halen a sech d'Kontakter, déi een huet, ze verhalen oder am beschten opzeschreiwen. Sollt et nämlech zu enger Infektioun kommen, wier et méi einfach novollzéien ze kënnen, wee méiglecherweis alles nach betraff kéint sinn.

D'Large Scale Tester sinn am gaangen. Bis ewell goufe 560'000 Invitatioune verschéckt. 100'000 Persoune hu sech teste gelooss, dat heescht knapp 20% vun de Leit. Do ass nach vill Loft no uewen.

D'Kontakter vun den Infizéierte gi jo noverfollegt. Dat ass vill Aarbecht den Ament, well elo méi Leit sech infizéiert hunn.

Beonrouegend wier, dass nees vill méi Leit wéi déi lescht Wochen iwwer typesch Covid-Symptomer géifen opweisen.

Bis ewell ware 4 vu 5 Persounen, déi positiv getest goufen, éischter asymptomatesch Fäll, also ouni konkret Symptomer. Dat hätt sech an de leschten Deeg nees geännert. Als direkt Symptomer vun enger Covid-Infektioun gëlle jo Féiwer an dréchenen Houscht.

Lëtzebuerg géif sech preparéiere fir eng Tracing App ze maachen, mä eng App géif net den analogen Tracing ersetzen – also d'Leit uruffen, wa se Kontakt haten. Eng App hätt och eréischt e Wäert, wa vill Leit se géife benotzen.

Vun dësem Méindeg u ginn d'A- a B-Klasse jo och nees zesummen an d'Schoul. Fir d’Gesondheetsministesch wier d’Schoul iwwerdeems en iwwerbléckbare Cluster. Aus Santé-Siicht wier et en organiséierte Kader, an do hätt ee generell wéineg Infektiounen.

Derbäi kéim, dass jonk Leit och manner fragil géintiwwer dem Virus wiere wéi eeler Leit, an d’Sensibilisatioun op de Virus wier och eng wichteg Saach, wat an de Coursë sollt vermëttelt ginn. Ebe fir déi Jonk op d’Eege-Responsabilitéit ze drécken.

D’Testen an de Schoule wäert iwwerdeems weiderlafen. Et sollen do nei Echantillone bestëmmt ginn, fir Schülergruppen verstäerkt ze testen.

D’Ministesch huet awer net verstoppt, dass et duerchaus kéint virkommen, dass mi dacks ganz Klasse präventiv an den Isolement missten.

De kompletten Interview mat der Gesondheetsministesch