De Sozialminister war en Méindeg den Owend den Invité am Journal op RTL Télé Lëtzebuerg.

Resumé vum Interview / Reportage vum Dany Rasqué

De Schock, deen d'Coronakris provozéiert huet, hätt just kënnen opgefaange ginn, well mer e gudde Sozialsystem hätten mat exzellente Reserven.

Déi Reserven sinn awer Vergaangenheet. Esou wéi d'Situatioun elo ausgesäit, leien se Enn dës Joer nach bei  162 Milliounen Euro, dat ass eng Milliard Euro manner.

D'Ursaach fir dëst Lach wieren immens héich Depensen, combinéiert mat manner Recetten.

D'Ekonomie misst elo relancéiert ginn, et misst een dofir suergen, datt se erëm "séier an d'Rad kënnt" esou de Sozialminister, deen ënnerstrach huet, datt een nach dëst Joer mat enger Reprise rechent, déi och d'nächst Joer virugeet.

Dofir géing d'Regierung d'Investitiounen och héichhalen, mat méi wéi 3 Milliarden Euro, an dofir suergen, datt d'Kafkraaft erhale bleift. Angscht virun enger Spuerpolitik bräicht ee keng ze hunn.

Zu der sozialer Sécherheet gehéieren och d'Renten. Do leien d'Reserven den Ament nach ëmmer bei 23 Milliarden Euro. Dat bedeit, datt d'Pensiounen nach wärend 4 an engem hallwe Joer geséchert wieren, och wa keng Cotisatioune géifen erakommen, esou de Romain Schneider.

Hien huet awer präziséiert, datt d'IGSS, also d'Inspection générale de la sécurité sociale, dat anert Joer nei Berechnunge mécht. Do géif een da gesinn, ob kuerz- oder mëttelfristeg misst reagéiert ginn.

Wat den Télétravail betrëfft, ass de Sozialminister der Meenung, datt ee mat den Nopeschlänner muss kucken, fir d'Sozialsystemer unzepassen.
Dat wier net esou evident, well et en europäesche Kader géif ginn, ma et stéing op der Lee.