Beim däitsche Fleeschproduzent Tönnies hate sech iwwer 1.300 Mataarbechter mam Coronavirus infizéiert.

An deem Kontext stellt sech natierlech d'Fro, ob och an den 2 Schluechthaiser zu Lëtzebuerg systematesch getest gouf? "Nee" ass d'Äntwert vun der Gesondheetsministesch an dem Landwirtschaftsminister.

Deemno wier zu Wecker an Ettelbréck net systematesch getest ginn, mä nëmmen dann, wann et e Soupçon ginn hätt.
An engem vun dëse Schluechthaiser wiere 5 Leit vum administrative Personal positiv getest ginn. Ob zu Wecker oder Ettelbréck präziséieren d'Ministere Paulette Lenert a Romain Schneider an hirer Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro vum Marc Goergen vun de Piraten net.

De Ministeren no kéint aktuelle wëssenschaftlechen Donnéeën no d'Infektioun duerch kontaminéiert Liewensmëttel iwwert de Verdauungstrakt ausgeschloss ginn.

Iwwerdeems an de Lëtzebuerger Schluechthaiser keng Saisonsaarbechter schaffen, ass dat natierlech am Geméisbau a bei de Wënzer de Fall. An dëse Secteuren sinn d'Proprietären awer u speziell Preventiounsmesurë gebonnen. Esou ass en Test bei de Saisonsleit virgesinn, éier se an d'Land kommen, an eng positiv Persoun direkt z'isoléieren, wa se de Virus a sech dréit.