Déi 2. Well un Infektioune mam Coronavirus hat déi lescht Woch souwuel bei de Leit, wéi och bei der Regierung fir Opreegung gesuergt.

Elo schéngen d'Zuele sech erëm ze stabiliséieren. Ma dat dierft och gréisstendeels dohier kommen, dass den Ament vill Leit an der Vakanz sinn an allgemeng manner getest gëtt. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet en Dënschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun de Point vun der aktueller Situatioun gemaach. Fir d'Oppositioun sinn dobäi awer eng Rei wichteg Froen op bliwwen.
Am Juli war an der Chamber festgehale ginn, dass d'Ministesch der Santéskommissioun an der Summervakanz reegelméisseg e Bilan vun der aktueller Situatioun géif presentéieren. Den Ament schéngen d'Zuele sech erëm e bësse berouegt ze hunn an dowéinst wier et wichteg, elo d'Rentrée esou gutt ewéi méiglech ze preparéieren, esou den CSV-Deputéierte Claude Wiseler.

Mir hätten net ongär, wann do e puer Zenarie géifen um Dësch leien, dass d'Schoule sech kënnen op e puer Zenarie virbereeden, deemno wéi d'Situatioun am September ass."

Zur Rentrée gehéiert och, dass d'Leit aus der Vakanz erëmkommen an zum Beispill um Bau d'Aarbecht erëm lassgeet. An deem Kader hat d'Chamber och gefrot, dass all d'Leit, déi aus der Vakanz a Risikogebidder heem kommen, gratis kënne getest ginn, esou den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement.

Mir hunn dat schonn den 21. Juli an der Chamber gesot an do krute mir och eng Motioun gestëmmt, déi seet, dass jiddereen, deen aus der Vakanz zeréckkënnt – ob mam Fliger, mam Bus, mam Zuch oder mam Auto – soll sech kënnen teste loossen. Dës Motioun gouf unanime ugeholl an der Chamber an haut (Dënschdeg) si mer gewuer ginn, dass d'Regierung nach keng Pläng am Tirang huet, fir déi Offer wierklech unzebidden."

De Schlëssel fir d'Bekämpfung vum Virus läit der CSV no doran, déi national Teststrategie flexibel kënnen unzepassen. Deemno sollten en Vue vun der Rentrée eng Rei verschidden Zenarien ausgeschafft ginn, fir méiglechst séier op all Eventualitéite reagéieren ze kënnen, esou d'Fuerderung vum Claude Wiseler.

Elo ass dat alles am Vagen a mir hoffen, dass esou schnell ewéi méiglech verschidden Zenarien op den Dësch kommen, esou dass d'Schoule sech kënne virbereeden an dass och Diskussioune mat den Enseignanten, mat den Elteren, mat de Schüler vun de Lycéeë lafen, esou wéi et am Fong versprach ginn ass, fir eng uerdentlech Rentrée virzebereeden. Dat mécht eis schonn e wéineg Suergen."

Wie wéini getest gëtt, misst awer elo mol nach evaluéiert ginn, esou d'Ministesch. Ëmmerhin hätt een och keng onbegrenzten Testcapacitéiten. D'Paulette Lenert:

Et ass eng Aktioun, déi mir gemaach hunn, fir de ganze Secteur vum Bau a vum Nettoyage. Dat heescht all déi Leit, déi vum Congé collectif zeréckkommen, dass mir déi massiv kënnen testen. Da si mir och am gaange mat der Educatioun ze kucken, wéi mir d'Rentrée wäerte preparéiere mat eisem Testmaterial. Déi Aarbechte lafen an do wäerte mir bis Enn der Woch eng Positioun huelen, wat mir nach zousätzlech maachen oder och net an dat och erklären."

Wou genee d'Leit sech ustiechen, konnt d'Paulette Lenert den Deputéierten net konkret soen. Allgemeng wier et awer nach ëmmer heefeg am private Beräich, wou vill Leit sech géifen ustiechen, well si do keng Mask méi unhunn an hir Distanzen net anhalen.

D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert iwwer d'Situatioun an Europa

D'Zuel vun den Nei-Infektioune mam Coronavirus schéngt sech iwwert déi lescht Deeg stabiliséiert ze hunn. Op déi lescht Woch gekuckt, goufen et eppes manner wéi 50 positiv Tester op 100.000 Awunner. A genee dat ass jo de Krittär, deen Däitschland applizéiert, fir aner Länner als Risikogebidder anzestufen. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert zéckt awer nach fir dës Zuelen elo als en allgemengen Trend ze gesinn.

Extrait Paulette Lenert

Et däerf ee sech natierlech net ëmmer ze fréi freeën. Mir si matzen an der Vakanzenzäit, et ass och manner getest gi lescht Woch. All déi ganz Tendenzen ëmmer erop an erof, do soen ech ëmmer: do muss ee virsiichteg sinn. E richtegen Trend appreciéiert sech op eng, zwou Wochen an dat ass och esou, wéi et bei der europäescher Behörde, ECDC, appreciéiert gëtt. Si kucken dat ëmmer iwwer zwou Wochen, fir do eng gewësse stabiliséiert Tendenz kënnen z'erkennen."

D'Ministesch bedauert iwwerdeems, dass et aktuell keng eenheetlech Krittäre gëtt, fir d'Situatioun an den eenzele Länner z'evaluéieren. Grad fir Lëtzebuerg wier et wichteg, dass net nëmmen d'Zuel vun den Neiinfektioune gekuckt géif ginn.

Extrait Paulette Lenert

Mir wären natierlech och frou, wann nieft deem renge Krittär vun den Neiinfektiounen och aner Saache géife mat consideréiert ginn, souwéi dat och recommandéiert ass. An do denken ech ënnert anerem un den Taux de mortalité, dee jo ganz wichteg ass, den Taux de positivité, dat heescht wéi vill vun de gemaachten Tester am Endeffekt positiv sinn. An do gesäit ee bei eis zum Beispill eng grouss Stabilitéit. Dat läit iwwer Wochen ëm déi 1 Prozent, dat heescht dat ass ganz stabel. Taux de mortalité leie mir nach wie vor immens gutt do am internationale Vergläich. An och um Niveau vun den Hospitalisatiounen ass et bei eis awer nach verhältnisméisseg roueg. Et ass net, dass et richteg an d'Luucht geschnellt ass."

D'Ministesch ass iwwerzeegt, dass mir och net dat eenzegt Land wäerte bleiwen, dat Probleemer domat huet, dass d'Situatioun un nëmmen engem Krittär festgemaach gëtt. Dowéinst géif d'Regierung sech weider dofir asetzen, dass an Zukunft och aner Facteuren wéi d'Neiinfektioune consideréiert ginn.