Schoulrentrée soll sou normal wéi méiglech ginn, esou Gewerkschaften
Allgemeng begréisse souwuel d'Apess, wéi och den SNE de Rapport vum Minister.
Nach ass jo Summervakanz, ma et gëtt sech awer scho fläisseg ëm d'Schoulrentrée gekëmmert. E Freideg de Moie haten d'Ministere Meisch a Lenert jo e Rapport presentéiert, dee vun enger Ekipp vu Wëssenschaftler a Pedagoge gemaach gouf.
Sécher ass, dass d'Rentrée am September ënnert dem Zeeche vum Coronavirus steet, ders sinn sech och d'Proffegewerkschaft APESS an den SNE, de Syndikat vun den Enseignanten aus dem Fondamental, bewosst. Am Rapport vum Educatiounsminister Claude Meisch huet et geheescht, dass de Risiko, sech an der Schoul selwer unzestiechen, éischter geréng wier. Allgemeng begréissen souwuel d'Apess, wéi och den SNE de Rapport vum Minister. D'APESS schwätzt sech awer fir deelweis méi streng Mesuren aus.
© Didier Weber / RTL Télé Lëtzebuerg
De Gilles Everling, President vun der Proffegewerkschaft: "Waat d'Maskepflicht ugeet, do si mir der Meenung, dass een erëm sollt zeréck goen wéi et virum Zesummeleen vun de Klasse war. Also wann déi zwee Meter Distanz net kënnen agehaale ginn, dann sollt een eng Mask mussen undoen. Mir kruten dat och vun eise Memberen gemellt, dass hinnen dat am meeschte Suerge gemaacht huet wéi d'Klassen zesumme geluecht goufen, well een do awer net d'Mask huet bréichten unzedoen."
Och d'Belëftung an de Klassesäll wier wichteg, ma awer net iwwerall méiglech: "Dat ass an eisen Aan e ganz wichtegt Thema an de Feedback, dee mir do vun enger Rei Membere kruten, ass, dass dat an enger Rei Schoulen e Problem ass, well een d'Fensteren einfach net op kritt."
Virun allem wënschen sech déi zwou Gewerkschaften zäitno konkret Consignen, fir d'Rentrée beschtméiglechst kënne virzebereeden. Et wier nämlech nees eng grouss Zesummenaarbescht gefuerdert, seet de Nicolas Thill, 2. Vizepresident vum SNE: "Mir kéinten eis do virstellen, dass et dräi Pläng ginn. Also eng normal Rentrée, eng Rentrée mat méi klengen Effektiffen oder, wann d'Situatioun et erfuerdert, esouguer eng digital Rentrée. Mee et musse konkret Pläng virleien, am beschten virun der Rentrée, mä se mussen duerchduercht sinn an wierklech an den Detail goen. Dat ass elo déi drëtt Rentrée an engem Joer, déi geplangt gëtt a wann een de Schoulen d'Aarbecht kann oofhuelen, dann muss een dat och elo maachen."
Et wéilt een d'Rentrée esou normal wéi méiglech organiséieren. D'Zil wier och all d'Schoulfächer nees kënnen unzebidden, dat natierlech am Respekt vun de néidegen Sécherheetsmesuren.