Fir méi wéi 58.000 Kanner ass d’grouss Vakanz domadder eriwwer, grad wéi och fir méi wéi 6.300 Enseignanten.

Vun e Mëttwoch bis en Donneschdeg ass et dann och d’Rentrée am Secondaire, wou eng 58.000 Jonker ageschriwwe sinn, bei ronn 4.500 Proffen. D’Rentrée 2020 war an ass bedéngt duerch de Coronavirus natierlech eng aner wéi gewinnt, well et gëllt Précautiouns-Mesuren anzehalen. Schüler déi méi al wéi 6 Joer sinn, musse beispillsweis um Wee an de Klassesall ëmmer eng Mask unhunn. Ass ee bis op senger Plaz ukomm, kann een se ausdoen.

De Sportunterrecht gëtt nees normal gehalen, an och d’Schoul-Kantinnen hu nees op. Och am Schülertransport an de Busse gëllt d’Maskeflicht.

Vulnerabel Schüler kënne weiderhin op den Homeoffice zeréckgräifen.

Sollt et virkommen, dass e Schüler oder och eng ganz Klass wéinst enger Corona-Infektioun misst a Quarantän, gëtt engem dat néidegt informatescht Material zur Verfügung gestallt, fir en Unterrecht op Distanz ze erméiglechen. Dat didaktescht Material fënnt een och um Internetsite "schouldoheem.lu".

Rentrée an der Primärschoul Rued-Sir

En Dënschdeg war Rentrée am Fondamental. Sou och an der Primärschoul zu Rued-Sir. Hei drécke 435 Schüler a Schülerinnen d'Schoulbänk. 46 Enseignanten halen hei am Gebai Schoul.

Aus allen Himmelsrichtunge sinn d'Kanner mat hiren Elteren en Dënschdeg de Moie bei der Schoul zu Rued - Syr ukomm. Sou och de Grupp vun der Schouljoffer Dondelinger. Et ass dëst de Cycle 2.1., also dat fréiert 1.Schouljoer.

D'Opreegung virum 1. Schouldag war grouss. Net nëmme bei den Elteren. Och d'Kanner konnten d'Rentrée kaum erwaarden. No 2 Joer Spillschoul fänkt fir si dësen Hierscht den Eescht vum Liewen un.

14 Jongen a Meedercher si bei der Nounou Dondelinger an der Klass. Zanter iwwer 20 Joer hält d'Nounou Dondelinger Schoul an dat mat grousser Begeeschterung.

D'Léierpersonal zu Rued - Syr ass frou, dass eng gewëssen Normalitéit zréck ass. Et wär ideal, dass et keng A/B-Gruppe méi géife ginn. Fir de Recht goufen déi eenzel Virsiichtsmoossname wéinst dem Virus ëmgesat.

Vu Mensder, Ouljen, Bierg, Betzder a Banzelt kommen d'Kanner an d'Schoul op Rued-Sir. An hei goungen déi éischte Stonnen huerteg ëm.

Lescht Preparatioune fir d'Rentrée an de Lycéeë lafen

Et war eng Summervakanz wéi et se nach ni gouf. D'Vakanz ass elo eriwwer, et ass Rentrée an de Schoulen an dat ass nawell eng grouss Erausfuerderung an dat fir all d’Acteuren um Terrain. Natierlech wëll een och do esou mann wéi méiglech Infektioune riskéieren an esou gutt et geet evitéieren, datt ze vill Leit beienee sinn. Wéi wäert dat an der Praxis ausgesinn? Fillt ee sech preparéiert?