Zënter knapp 3 Woche funktionéiert de Schoulbetrib, ënnert spezielle Corona-Konditiounen...

Am Fall vun Infektioune spillt en 3 Stufen-Zenario mat entspriechende Mesuren. Mir hu bei Gewerkschaften a bei der Schülerkonferenz nogefrot. En éischten Tëschebilan fält gemëscht aus.

Corona Mesuren an der Schoul - Reportage Pit Everling

Theorie a Praxis wieren zwéi puer Schong, sou kommentéiert de Patrick Arendt vum SEW d'Sécherheetskonzept vum Educatiounsministère. Den 3 Stufe-Plang wier zwar déi richteg Léisung, allerdéngs wier en net am Detail duerchduecht, sou de Gewerkschaftler: "...sou dass sech um Terrain enorm vill Problemer gewisen hunn, well e ganze Koup Cas de figuren iwwerhaapt net virgesi sinn an dass d'Informatioune weder un d'Enseignanten nach un d'Eltere weider gaange sinn"

Et fillt een sech am Eeschtfall bësse verluer an am Stach gelooss, sou de Patrick Arendt weider, villes wier net kloer: "Eigentlech missten d'Klassen isoléiert gi bei engem Fall, mä dann ass net kloer wat soll gemaach ginn. Da géif gesot ginn, den Enseignant wier responsabel wann en d'Gestes barrières anhält, wat en awer net kann, do mierkt een, datt do Widderspréch sinn."

De Minister géing d'Responsabilitéit ze vill op d'Schoulen drécken. Et misst nogebessert ginn, fir fir sou vill wéi méiglech Cas de figurë Léisungen auszeschaffen, och wann dat natierlech net bis an de leschten Detail méiglech wier. Verschidden Elementer vum Konzept klappen, anerer net, zum Beispill déi decaléiert Pause wieren net evident. Dat seet de Patrick Remakel, President vun der Gewerkschaft SNE: "Datt Kanner an der Paus sinn, wärend anerer musse léieren, dat ass elo net ganz onproblematesch"

Allgemeng wier de Problem deen, datt villes net kloer wier, sou de Patrick Remakel weider: "D'Consignë sinn net kloer. Mir hunn 3 Zenarien an et ass net ëmmer kloer, wat ze maachen ass."

Wann een da bei den zoustännegen Instanzen nofreet géing et laang daueren, bis ee präzis Äntwerte kritt.  Op deem Plang misst de Ministère nobesseren, sou nach de Patrick Remakel. An deem Sënn géing een och d'Gespréich mam Claude Meisch sichen.

Och d'Consigne vum vill Lëfte wier net sou evident ëmzesetzen, soe béid Gewerkschaftler. Och d'Schüler maache sech Gedanken, wéi dat lo soll funktionéieren, wann et elo méi kal gëtt.  D'Schülerkonferenz CNEL wënscht sech virun allem eng kloer Ligne a punkto Masken. De President Kimon Leners: "D'Experte soen, datt d'Wierkung no 4 Stonnen noléisst, dat misst ee berécksiichtegen. Vill Schüler hu Schwieregkeete fir 8 Stonnen hir Mask unzehalen. Op e puer Plazen hält ee jo Ofstand an do kéint een awer besser Léisunge fanne fir lo ze soen, et muss jidderee lo seng Mask unhunn."

D'Schüler wiere sech awer allgemeng der aktueller Problematik bewosst an d'Reegele géingen och respektéiert ginn, sou nach de Kimon Leners.