De Staatsminister war e Samschdeg eisen Invité am Background am Gespréich.

Background am Gespréich mam Xavier Bettel

"D'Texter si besser, mä nach net gutt" sot de liberale Premier iwwert déi zwee Covid-19-Gesetzprojeten, déi e Méindeg solle gestëmmt ginn an dann ee Mount laang gëllen. Hie war Invité an der Emissioun Background am Gespréich.

Wéinstens hätt een am neien Text méi Rechtsschutz, wéi am Text vun 1980, an deem schonn eng Zwangshospitalisatioun virgesinn ass. Et misst een awer nom Enn vum Etat de crise weider dru schaffen.

Wéi gutt huet d'Regierung an der Kris zesumme geschafft? Vu Kaméidi wëll de Xavier Bettel näischt wëssen.

Extrait Xavier Bettel (1)

D'Decisiounen, déi während der Kris geholl goufen, wiere proportionell an en connaissance de cause déi richteg gewiescht, sou de Premier, hie géif näischt réckbléckend anescht maachen. Et hätten och politesch Decisioune misse geholl ginn, d'Regierung hätt decidéiert virsiichteg ze sinn.

Haut géifen et Modeller vu Corona-Warnappe ginn, déi méi acceptabel wieren, wéi virdrun, esou de Xavier Bettel. Den Ament wier dat awer nach net néideg, well ee mam analogen Tracing gutt genuch nokéim. D'Regierung géif awer nach ëmmer eng europäesch Léisung besser fannen, ma de Staatsminister bleift skeptesch.

Extrait Xavier Bettel (2)

De Koalitiounsprogramm misst net iwwerschafft ginn, ma et misst gekuckt ginn, wat d'Prioritéite sinn. D'Steierreform géif op alle Fall kommen, wann och ouni Erliichterungen, awer och ouni Erhéijungen.

D'Klimakris wier net vergiess, sot de Xavier Bettel. Et kéint een net vun enger Kris an déi nächst kommen. Wéini weider Haussë bei den Accisen um Sprit kéimen, kéint een nach net soen.

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.