De Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman, den Dr. Claude Schummer, war um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Situatioun ass stabel am Spidol um Kierchbierg, mat den Ament ronn 50 Corona-Patienten. Manner wéi 10 Leit sinn op der Intensivstatioun. Souwuel wat Capacitéite vu Better, Personal a Schutzmaterial ugeet, wier ee gutt opgestallt.
Dat seet de Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman - zu deem de Kierchbierg gehéiert - den Dr. Claude Schummer. Hie war um Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.

D'Spidol produzéiert och elo säin eegent Schutzmaterial, sief dat Schutzkleeder, Desinfektiounsmëttel a geschwënn och OP-Masken. 30 Milliounen där Maske kéint een dann d'Joer produzéieren.

Den typesche Corona-Patient géif et net ginn, seet den Dr. Schummer. Tëscht 38 an 94 Joer hätten d'COVID-Patienten um Kierchbierg. Just déi Jonk gi manner infizéiert a krank. Et géif och Patiente ginn ouni Virerkrankungen.

De Spidolsdirekter mécht och den Appell, datt Leit déi krank sinn an d'Klinik kënne kommen. Et bräicht een net Angscht ze hu sech mam Virus unzestiechen. Corona- an aner Patiente wiere strikt getrennt. An den Urgencë wär just nach een Drëttel vun de Patienten.

De Generaldirekter vun den Hôpitaux Robert Schuman huet erkläert, datt een elo nees lues a lues an déi normal medezinesch Aktivitéit wéilt era kommen... nees wéilt operéieren.

Wéi entwéckelt sech d'Situatioun mam Corona-Virus weider? Dat wier schwéier ze soen, mengt den Dr. Schummer. Hie rechent mat e puer klenge Wellen.

Et kéint ee graff soen: vun 100 Infektioune géifen der 1-2 stierwen, 5 kommen op d'Reanimatioun, 15 normal an d'Spidol. 100 Fäll den Dag packt de Lëtzebuerger Gesondheetssystem, mä 200 den Dag iwwert méi eng laang Zäit net. Da kéint een net méi jidderee behandelen.

Dat misst een evitéieren, sou den Dr. Claude Schummer vun den Hôpitaux Robert Schuman.

Invité vun der Redaktioun: Dr. Claude Schummer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.