En Donneschdeg de Moie war de Vizepremier, Bauten- a Policeminister eisen Invité vun der Redaktioun.

D’Police kontrolléiert vun e Méindeg u verstäerkt, ob d’sanitär Reegelen agehale ginn, sou de Vizepremier a Policeminister François Bausch hei op RTL.

Vun e Méindeg u si jo d’Geschäfter rëm op, Leit däerfe sech zu 20 bausse versammelen a Stéit kënne 6 Leit bei sech empfänken. "D'Kierch soll am Duerf bleiwen", sou de François Bausch. Déi zwee Meter Ofstand wieren enorm wichteg oder eng Mask unhunn. Et dierft een elo net üppeg ginn a Party maachen.

De grénge Minister huet un d'Eegeverantwortung an de Verstand appelléiert, well d’Anhale vun de sanitäre Reegele géing et erlaben, rëm méi Fräiheet ze hunn, ouni datt de Virus sech verbreet. D’selwecht, wat d’Denonciatiounen ugeet: mir wëlle jo kee Polizeistaat, sou de François Bausch, deen awer novollzéie konnt, datt Leit frustréiert sinn an d’Police ruffen, wann de Noper eng Party mécht mat 30 oder 40 Leit.

Corona-Restriktioune wieren ëmmer delikat: fir d’Politik wier et schwiereg, Agrëff an d’Fräiheet ze decidéieren, fir d’Police schwéier se um Terrain ze kontrolléieren. D’Police hätt awer kloer Instruktioune kritt, datt se mat Fangerspëtzegefill soll virgoen, sou de François Bausch. Weider Explikatioune ginn et um Freideg op enger Pressekonferenz vum Minister zesumme mam Policedirekter Philippe Schrantz.

"Post-Corona Konjunkturprogramm"

Duerch d’Corona-Kris ass zimmlech alles op d’Kopp gehäit ginn, och wat d’Staatsfinanzen ugeet. De François Bausch sot op Nofro hin, hie wier net der Meenung, datt de Koalitiounsaccord elo misst "komplett iwwerschafft" ginn. Mee d’Regierung misst sech sécher zesummesetzen an Ajustementer decidéieren, zum Beispill bei den Investissementer.

De François Bausch sot, "mir hu jo nach eng aner Kris, dat ass d’Klimakris". Et misst geziilt investéiert ginn, fir d’Transformatioun vun der Ekonomie hinzekréien.

Wat schonn decidéiert wier, sou de grénge Minister, dat wier e Post-Corona-Konjunkturprogramm. Dat kéim bei d’finanziell Hëllefe fir d’Betriber, déi nach weider decidéiert ginn, dobäi an Zil wier, "Saachen ze maachen, déi am Nohaltegkeetsberäich op zukünfteg Krise kënne virbereeden", sou de François Bausch.

07/05/2020 Invité vun der Redaktioun

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.